1. Dag: D’Rees zu engem mageschen Treffen

Wann ee Fan vum Winnie Puuh ass, an dat säitdeem een zwee Joer al ass, kënnt iergendwann den Zäitpunkt, wou een en onbedéngt treffe wëll. Mee wéi mécht een dat, wann een nëmmen 9 Joer huet?
Wéi mir dës besonnesch Ufro kritt hunn, hu mir eis un de Winnie gewant, fir ze froen, wéini hien Zäit hätt. An en hat tatsächlech den 8. Mäerz Zäit, a war méi wéi frou säin Hunneg op fir e Moment d’Säit ze setzen, fir dëst léift Meedchen a sengem Haus bei EuroDisney ze empfänken.
E Freideg de Moie si mir eise klenge Gaascht siche gefuer, dee méi wéi prett fir dëst Abenteuer war – opgereegt a mat engem wonnerschéine selwergebastelte Kaddo fir eis a mam Winnie am Gepäck.
Nodeems d’Ambulanz alles agelueden hat an eise Gaascht bequeem installéiert war, hu mir eis op de Wee op Paräis gemaach. Et war eng laang Rees fir hatt, mee mat enger Playlist voller Kannerlidder an enger klengen Diskokugel, déi am Sonneliicht geblénkt huet, ass d’Zäit verflunn a waren du beemol awer séier do.
Nom Check-In am Disney Hotel, si mir direkt an de Park gaangen. Eise klenge Gaascht war begeeschtert a wollt näischt vun de Sehenswürdegkeeten an de Geräischer ronderëm verpassen.
Den Héichpunkt vum Dag war natierlech d’Parad, wou mir eng perfekt Plaz haten, fir d’Magie ganz no ze erliewen. Um Wee fir dohin huet eis eng léif Fra mat engem wonnerschéine Mickey-Maus-Ballon iwwerrascht.
Zum Schluss vum Dag ware mir op d’Karussell, ier mer fir d’Owesiessen erëm zeréck an den Hotel gaange sinn, fir eis fir deen nächsten Dag auszerouen.
🍯🍯🍯
2. Dag:
En Dram geet an Erfëllung: E magescht Treffe mam Winnie Puuh


De groussen Dag war endlech do: De Moment, op deen eise klenge Gaascht sou laang gewaart huet. Mir hunn den Dag fréi mat engem gudde Früstück ugefaangen, ier mir eis op de Wee an de Park gemaach hunn. Och dës Kéier war eise klenge Gaascht vun allem wat ronderëm geschitt ass faszinéiert.
No engem Tour am ‘It’s a Small World’ an an ‘den Tase vum verréckten Huttmécher’, konnte mir souguer d’Mickey Maus treffen! Als besonnesch Iwwerraschung hate mir heemlech e Winnie-Puuh-Petzi fir hatt besuergt, e klenge Kaddo fir de bevirstoende Moment nach méi magesch ze maachen.
Nom Mëttegiesse war et du sou wäit. Mir stoungen um ausgemaachten Treffpunkt virun de groussen Dieren an hunn opgereegt a voller Virfreed gewaart. Du beemol goungen d’Dieren op, an do stoung en.
De Winnie Puuh huet sech de Bauch geriwwen an hat schonn op dat klengt Meedche gewaart. Seng Reaktioun war absolutt onbezuelbar. Fir d’éischt war hatt e bësse schei, iwwerwältegt vum Treffe mat sengem groussen Held. Mee no e puer Minutten, koum eng richteg Verbindung zu Stand, an e breet, stralend Laache war op sengem Gesiicht ze gesinn.
Ze erliewen, wéi d’Bindung tëscht dem Winnie Puuh a sengem grousse Fan gewuess ass, war fir all d’Persounen, déi do waren, e beréierende Moment.
Mir hunn eis zeréckgehalen, fir hinnen Zäit zu zwee ze ginn, fir dëse spezielle Moment zesummen ze genéissen. No an no huet sech hir Verbindung verdéift an huet d’Treffen zu eppes wierklech Mageschem gemaach.
De Kaddo, den hatt fir de Winnie Puuh dobäi hat, gouf mat vill Freed entgéintgeholl – hien huet sech wierklech driwwer gefreet! De Kaddo huet elo eng ganz speziell Plaz a sengem Haus, bestëmmt niewent sengem beléiften Hunnegdëppchen!
No enger Zäit, koum de Moment, Äddi ze soen. De Winnie huet dofir gesuergt, datt den Abschid duuss an natierlech war, sou datt den Iwwergang einfach war. No enger häerzlecher Bierenëmäerblung fir jiddereen, hu mir eis erëm op de Wee gemaach, sinn zefridden duerch de Park getrëppelt a hunn nach e puer Souvenire fir mat heem kaf.
Mir fillen eis immens geéiert, datt mir dozou bäidroe konnten, dëse schéine Wonsch an Erfëllung goen ze loossen, a wëssen, datt déi geschafen Erënnerungen e Liewe laang an Éiere gehale ginn.

🇬🇧
When you’ve been a fan of Winnie the Pooh since you were two years old, there comes a time when you really want to meet him. But how do you make that happen when you’re only 9?
So, when we received this special request, we reached out to Winnie to see when he’d be available. And sure enough, on 08.03, he had time and was more than happy to set his honey aside for a while to welcome this sweet girl into his home at EuroDisney.
On Friday morning, we picked up our little guest, who was completely ready for the adventure—excited and carrying a beautiful handmade gift for both us and Winnie.
Once the ambulance was carefully packed, and our guest was comfortably settled, we set off for Paris. It was a long journey for her, but with a playlist full of children’s songs and little disco lights dancing in the sunlight, the time passed quickly, and before we knew it, we had arrived.
After checking in at a Disney hotel, we spent some time exploring the park. Our little guest was in awe, soaking in the sights and sounds around her. The highlight of the day was, of course, the parade, where we had a perfect spot to enjoy the magic up close.
Along the way, a kind lady surprised us with a beautiful Mickey balloon.To end the day, we took a ride on the carousel before heading back to the hotel for dinner and a good night’s sleep—resting up for the big day ahead.
Day 2: A Dream Come True: A Magical Meeting with Winnie the Pooh
The big day had finally arrived—the moment she had been waiting for was about to happen.
We started the morning with an early and delicious breakfast before heading out to explore more of the parks.
Once again, our little lady was mesmerized by everything around her.
After enjoying a ride on It’s a Small World and spinning in the Mad Hatter’s Teacups, we even got to meet Mickey!
As a special surprise, we had secretly arranged a Winnie the Pooh plush for her, a little gift to make the upcoming moment even more magical.
After lunch, it was time. We stood waiting in front of the large doors at the agreed meeting spot, excitement and anticipation filling the air. Then, the doors opened—and there he was. Winnie the Pooh stood there, rubbing his belly, already waiting for her.
Her reaction was absolutely priceless. At first, she was a little shy, overwhelmed by meeting her greatest hero. But within moments, a connection formed, and a big, radiant smile spread across her face.
Watching the bond between Pooh and his biggest fan grow was a truly touching experience for everyone present. We took a step back, giving them space to share this special moment together. Bit by bit, their connection deepened, turning the encounter into something truly magical.
The gift she had brought for Pooh was met with pure delight—he absolutely loved it! No doubt, it now has a special place in his home, right next to his beloved honey pot.
After a while, it was time to say goodbye. Winnie made sure the farewell was gentle and natural, so the transition felt easy. With a warm bear hug for everyone, we set off again, happily wandering through the park and picking out souvenirs to bring home.
We feel incredibly honored to have helped make this beautiful wish come true and know that the memories created will be cherished for a lifetime.
A heartfelt thank you to our partner Hospilux SA, Œuvre Nationale, for supporting this wish, and to the Disney team for making this unforgettable meeting possible