E grousst Laachen, zwee Dommen no uewen a pur Freed. ‘Et war fantastesch!’, sot den Här (1964), e laangjäregen Motorradsfuerer, no der Motorradsfahrt, déi seng léif Fra him als verfréite Gebuertsdagsiwwerraschung organiséiert huet.
Um Moien, wéi mir hie bei SERVIOR #Diddeleng siche gaang sinn, ass d’Iwwerraschung enthuelt ginn. „O Jong“, huet hie geflüstert, wärend hien seng Fra mat verwonnerten Aen ugekuckt huet. Et war kloer dat dëst net just e Geschenk war – et war eng Geste aus Léift, eng Méiglechkeet fir si, ee vu sengen Dreem wouere ginn ze loossen.
E Wonsch, deen hie fir onméiglech gehal huet, sollt an Erfëllung goen – eng Motorradsfahrt iwwert d´Musel.
Mee et war real. Zu Réimich huet en speziellt Motorrad mat Kärchen op hien gewaart. Wou mir ukomm sinn, koum nach eng weider Iwwerraschung: e Grupp vu Motorradsfuerer hat sech versammelt, fir hie bei dëser besonnescher Faart ze begleeden.
Mir hunn den Här behutsam an d´Kärche gesat an hunn dofir gesuergt, dat hien et bequeem hat, an dunn ass et lass gaang. Hien war de Kapp vun der Grupp, an déi aner Motorradsfuerer sinn him nogefuer, hunn de Verkéier gemeeschtert an hu fir eng reiwungslos Faart gesuergt. Et war e beandrockenden Unbleck fir alleguer.
Den Här huet d´Faart sou genoss, dat en de Wonsch geäussert huet, och nach bis zu eisem nächsten Halt an der Kärche matzefueren – senger fréierer Aarbechtsplaz, Servior Op der Ruhm.
Mir si sengem Wonsch nokomm an hunn hien dun an eiser Ambulanz raschte gelooss, bevir mir fir d´Mëttegiesse mat him an e Restaurant gaang sinn, deen d´Koppel gutt kennt: ‘Maybe not Bobs’ an der Rives de Clausen.
Wärend dem Dag a beim Iesse konnt een di déif Verbonnenheet tëscht deenen zwee gesinn, en stellt Verständnis an eng déif Léift. An hiren Aan huet sech Freed rëmgespigelt, him dëst Geschenk ze maachen, wärend seng Aen voller Dankbarkeet fir hire gutt duerchduechte Geste waren. Et ass net just em d´Faart gaang – mee em d´Léift déi si fir eneen empfannen.
No engem gudden Iessen an häerzlechem Äddi soe sinn mir rëm ‘heem’ gefuer (zréck an Diddeleng), wou mir den Dag Revue passéiere gelooss hunn, eis ausgetosch hun an sou Erennerungen geschaaf hun an all den Menschen an hieren Härzer, di Deel vun desem onvergiesslechen Erliefnisser waren.