Nach fir eng läscht Nuecht op Nieuwpoort goen.

Nach fir eng läscht Nuecht op Nieuwpoort goen.
Et war déi eenzeg Plaz, wou dës Fra (1943) jeemools an d´Vakanz gaangen ass, an hire Wonsch war einfach: nach fir eng läscht Nuecht op Nieuwpoort ze goen.
 
Si wollt nach eng Kéier d’Mier genéissen, e gudde Kaffi drénken, frësche Fësch an engem gemittleche Restaurant schmaachen an dëst zesumme mat hirer Duechter an hirem enkste Frënd, deen si schon säit 40 Joer kennt, erliewen.
 
Wéi mir ukomm sinn, hu mir eist Gepäck ofgeluecht a sinn direkt erausgefuer fir d’Stad ze entdecken. Mat all Strooss a Gaass sinn d’Erënnerungen erëm heichkomm. E puer Saachen hunn sech iwwer d’Jore verännert, mee vill Plaze gesinn nach ëmmer sou ass wei deemools.
 
No engem rouege Spadséiergang hu mir den Owend mat engem wonnerschéinen Iessen an engem vun hire Liiblingsfëschrestauranten ofgeschloss, genee wéi si et sech erhofft hat.
 
Moies haten mir Reen, mee dat huet war kee Problem. Mir ware virbereet. Wat ass besser fir grot Wieder wéi e bësse Schockela?
 
Wéi d’Wolleke lues a lues verschwonne sinn an d’Sonn ugefaangen huet ze schéngen, koum d’Iwwerraschung: eng Fotosessioun, eng flott Idee a schéine Kaddo vun hirer léiwer Frëndin.
 
Eng perfekt Manéier fir d’Léift, d’Laachen an déi déif Verbindung tëscht Mamm a Duechter festzehalen, an déi dräi Fraen nach eng Kéier zesumme festzehalen, op enger Plaz voller Erënnerungen.
 
Si koumen fir sech un d’Vergaangenheet ze erënneren, an si sinn mat eppes genee esou Wäertvollem fortgaangen: neien Erënnerungen, einfach, frou an onvergiesslech.
 
 
 
🇬🇧
It was the only place this lady (born in 1943) ever went on holiday — and her wish was simple: to go back one more time, just for a night, to Nieuwpoort.
 
To enjoy the sea again, sip a good coffee, savor fresh fish in a cozy restaurant and to enjoy it all in the company of her daughter and their close friend of over 40 years.
 
When we arrived, we dropped our bags and headed straight out to explore. With every street and corner, memories came flooding back. Some things had changed over the years, of course — but so many places still felt just the same.
 
After a peaceful stroll, we ended the evening with a wonderful dinner at one of her favorite fish restaurants — exactly as she had hoped.
 
The next morning greeted us with rain, but it didn’t matter. We were prepared. And besides, what better cure for gray skies than a little chocolate? 
 
Then, as the clouds slowly drifted away and the sun began to shine, it was time for the surprise: a photo shoot — a thoughtful and beautiful gift from her dear friend.
 
A perfect way to capture the love, laughter, and deep bond between mother and daughter — and the three ladies, together again, in a place that holds so many memories.
 
And while they came to remember the past, they left with something just as precious: new memories made — simple, joyful, and unforgettable.