Dës Damm (1952) huet hiert ganzt Liewe mam Motorradfuere verbruecht. Mee leider ass dat schonn zënter enger Zäit net méi méiglech.
An dat … war hiren allergréisste Wonsch: nach eng Kéier eng Ronn dréinen.
Hire Jong huet doriwwer nogeduecht an no Méiglechkeete gesicht, an hat eng flott Iddi: e Motorrad fannen, op deem si sécher matfuere kéint.
Wéi mir si virun e puer Woche besicht hunn, fir iwwert d’Iddi ze schwätzen an erauszefannen, wéi mir hëllefen et d’Iddi ëmzesetze kéinten, hunn hir Ae vu Freed gestraalt. An um Dag selwer huet si genee esou gestraalt, wéi mir si ofgeholl hunn – esou opgereegt a voller Virfreed war si.
Zesumme si mir op den Treffpunkt gefuer, wou hir Famill, de Motorradclub vun hirem Jong an d’Biker-Frënn Sandweiler schonn op si gewaart hunn.
Ëmgi vun dëse wonnerbare Leit huet si eng herrlech Faart duerch d’Lëtzebuerger Landschaft genoss. Et gouf en onvergiesslechen Nomëtten, gefëllt mat Erënnerungen an déiwer Dankbarkeet.
An de perfekten Ofschloss? E wonnerbaart Owendiessen an hirem Liblingsrestaurant – genee esou, wéi si et sech gewënscht hat.
Si huet wierklech all eenzelen Ament genoss. Mir hoffen, datt d’Gefiller an d’Erënnerunge vun dësem Dag nach laang verbleiwen.
🇬🇧
This lady (1952) spent her whole life riding motorcycles. But unfortunately this is no longer possible for quite some time now .
And that… was her greatest wish: to go on a ride, one last time.
Her son thought along, searched for possibilities, and came up with a beautiful plan — they would arrange a motorbike she could safely ride along on.
When we visited her some time ago to talk about the idea and explore how we could help make it happen, her eyes lit up with joy. And on the day itself, she was beaming just as brightly when we came to pick her up — so excited and full of anticipation.
Together, we drove to the meeting point, where her family, her son’s motorcycle club, and the Biker-Frënn Sandweiler were all waiting to welcome her.
Surrounded by these wonderful people, she enjoyed a beautiful ride through the Luxembourg countryside. It became an unforgettable afternoon, filled with memories, and deep gratitude.
And the perfect ending? A lovely dinner at her favorite restaurant — exactly the way she wanted it.
She truly enjoyed every single moment. We hope the feeling and the memories from this day will stay with her for a long time to come.