Skip to content
wonsch

Dës léif Fra (1964) hat een ♥️Wonsch: Enges Daags zesumme mat hirer Famill, hirer Mamm a hirem treie Frënd op 4 Patten bei e „grousst Waasser“ ze goen. D’Domaine Les Lacs de l’Eau d’Heure gouf als déi perfekt Plaz ausgewielt.

Den Dag selwer war sonneg a wonnerbar waarm. Mir hunn eis Zäit gelooss, si konnt e relaxt Mëttesiesse genéissen, mat plakegen Féiss am Waasser sinn, eng Glace iessen an d´Plage erliewen. Awer am wichtegsten ass: a gudder Gesellschaft sinn, den Dag war mat ville gléckleche Momenter gefëllt.

Mir sinn dankbar, datt mir hir dësen bedeitungsvolle Dag konnte schenken, an aller Rou an Privatsphär. En Dag voller schéiner Erënnerungen – als Biller festgehaal an natierlech am Häerz.

Zesummen ze sinn… dat ass wierklech eppes Wäertvolles.