Mir haten d’Éier de Wonsch vun enger Fra ze erfëllen, déi eng Krankesalbung an der schéiner Kathedral Notre-Dame wouer huele wollt.
Si wëll net op Fotoe gesi ginn (wat mir respektéieren), mä mir kënnen Iech soen, datt si ganz frou war Krankesalbung virun der Kierch matzemaachen an et wierklech genoss huet.
De Gesang an d’Musek ware wonnerbar a si krut mat Freed de Seegen an den hellegen Ueleg.
Mir sinn dunn an e Café vun der Kathedral e waarme Patt drénke gaang, wou si och eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Véier Evangelie kafe konnt.
Um Heemwee hu mer du wéinst Stau an der Stad missen Demi-Tour huelen, mee d’Madame war frou iwwert d’Verlängerung an en onerwaarten Trip duerch Stad, a wéi si laanscht d’Kasematten an duerch Clausen gefuer ass, huet si d’Vue genoss an mat eis gegeckst a gelaacht.
De ganzen Nomëtteg huet si eis ëmmer gesot wéi e schéinen Nomëtteg si hat a wéi et hir gehollef huet. D’Situatioun an där si sech befënnt ass schwéier fir si, awer en Dag wéi dëse gëtt hier wierklech Courage fir alles op eng vill méi agreabel Aart a Weis ze bewältegen.