Eist Zil ass et, eise Déngschtleeschtungshueler d’Méiglechkeet ze ginn, hire leschte Wonsch ze äusseren, andeems mir hinnen e Spezialtransport an eng ugemoossen Ënnerstëtzung ubidden. D’Wënsch kënne ganz einfach sinn: e leschte Besuch doheem, Zäit mat Frënn verbréngen, e Musée oder en aneren Uert vu perséinlecher Bedeitung besichen.
Wëllt Dir de Mënschen um Enn vun hirem Liewen e Wonsch erfëllen? Setzt Iech mat eis a Verbannung, fir erauszefannen, wéi Dir eis op déi fir Iech am beschte gëeegent Aart a Weis ënnerstëtze kennt. Nieft Donen sinn och Är Zäit, Är Ënnerstëtzung, Äre Parrainage, Är Fundraising-Aktivitéiten, Är Partnerschaft oder Ären Déngscht wäertvoll fir eis.