Skip to content

Gitt e Wonsch of

male patient on stretcher with wife and caretakers of ambulanzwonsch in front of ambulance in stromberg germany

Hutt Dir e Wonsch?

Eist Zil ass et, dat Onméiglecht méiglech ze maachen, an deems mir d’Mëttel bereetstellen, fir e Wonsch, egal wéi einfach oder komplex, z'erfëllen. Vum éischte Kontakt u, këmmere mir eis em all Aspekt vum Wonsch.

Mir freeën eis iwwer grouss a kleng Wënsch vu jidderengem, ob Erwuessenen oder Kand. Quasi alles ass méiglech, an de Service ass gratis. 

Wann dir eise Service wëllt an Usproch huelen, oder ee kennt, deen e leschte Wonsch huet, da fëllt wannechgelift eisen Untragsformular op der Website aus, a mir wäerten Iech esou schnell wéi méiglech kontaktéiren.

Wat wäert geschéien?

De Patient decidéiert iwwert den Dag. Mir komme mat enger spezieller Ambulanz a qualifizéiertem medezinesche Personal (een Ambulancier an eng Infirmière), fir de Patient wärend sengem Wonsch ze begleeden. Ausserdeem kenne sech zwou weider Persounen dem Patient an der Ambulanz uschléissen. Anerer kenne mat hiren eegenen Transportmëttel kommen, fir sech dem Wonsch unzeschléissen.

D’Ambulanze sinn besonnesch confortabel ageriicht, mat enger mëller Matrass, Këssen an enger Decken. Se hu verdonkelt Fënsteren, esou dass een erauskucke kann, an d’Aussiicht genéisse kann, awer net gesi gëtt.

Fëllt wanechglift dëse Formular aus.
Mir wäerten Iech esou schnell wéi méiglech kontaktéieren.

Fëllt w.e.g. dat ënnestoend Formular aus, a beschreift äre Wonsch esou genau wéi méiglech. Gitt déi Adress un, vun där Dir wëllt ofgeholl ginn, an d’Zil, wou Dir hi wëllt. Mir këmmeren eis dann em déi organisatoresch Aspekter vun ärem Wonsch, a setzen eis esou schnell wéi méiglech mat Iech a Verbindung. Gitt ons w.e.g. dofir all relevant Telefonsnummeren ënnert deene mir Iech tescht 8:30 an 17:00 errëeche kënnen, souwéi och eng Mailadress.

D’Ambulanz Wonsch erfëllt all Wënsch gratis. Wann Dir eis awer e kuerze Bericht iwwer äre Wonsch an d’Grënn dofir kéint zouloosse kommen, da géife mir är Geschicht gären anonym mat eise Sponsoren deelen, an méi Spende fir d’Stëftung generéieren, fir och aaneren ze hellefen, hire Wonsch ze erfëllen.

Mat dem Ausfëlle vum Formular erklärt Dir iech domatt averstanen, dass d’Informatiounen un eis suergfälten ausgewielten an ausgebilden Fräiwëlleg weidergi ginn. Déi vun Iech bereetgestallten Informatiounen gi sëcher an no den aktuellen GDPR-Ufuerderungen stockéiert.

Kritären a Bedingunge fir den Transport
W.e.g. liest dësen Abschnitt suergfälteg duerch, éier Dir de Formulaire ausfëllt. Sollt Dir Problemer beim Ausfëllen hunn, kontaktéiert eis per E-Mail op info@ambulanzwonsch.lu.

Kriterien fir d’Erfëllung vu Wënsch:
Mir erfëlle Wënsch vun all bettlägereg Persoun, déi ee vun den ënne genannten Kritären erfëllt. Déi ouni Ënnerstëtzung vun eisen Autoen a Fräiwellegen net an der Lag wiren, hire Wonsch ze erfëllen.

  • onheelbar krank
  • liewensverkierzend Krankheet
  • Elderly at end-stage of life
  • ëeler Menschen an der Endphas vun hirem Liewen

E Wonsch ze erfëllen ass gratis. Mir sinn eng Associatioun "sans but lucratif" mamm Zil all Wonsch z'erfëllen, mee mir onfhängeg vun de Ressourcen, déi eis zur Verfügung stinn a behalen eis fir e Wonsch z’annuléieren oder ze verleeën.

Bedingunge fir den Transport
Patienten mussen d’Zoustëmmung vun hirem Dokter fir d’Duechféierung vum virgeschloene Wonsch hunn.

Dofir gitt w.e.g. den Numm an d'Contactdonnés am Umeldungsformular un. D‘Spidol oder e Vertrieder mussen erreechbar sinn während de Wonsch erfëllt gëtt (falls néideg).

Patienten must have enough and appropriate medicines and medical devices for the proposed wish and an escort authorised to administer such medicines and maintain any devices. (via Ambulanz Wonsch oder Pfleegeeinrichtung). Mir kënne d‘Medikamenter fir d’Dauer vum Wonsch sëcher transportéieren.

Ambulanz Wonsch huet d’Recht, de Wonsch zu all Moment ofzebriechen an de Patient op di uersprünglëch Adress zereckzebrengen, wann de Wonsch ausgefouert soll ginn.

Mat dem Ausfëllen an Zereckschecken vun dësem Formular akzeptéiert Dir déi uewe genannte Bedingungen. Fir méi Informatiounen zu den verwendte Begrëffer, schwätzt mat äre Palliativdëngschtleeschter.