Mullen, Fritten an eng Fläsch Béier, mat 16 Frënn, dat war dëser Fra hiren (1987) häerzlechste Wonsch

Mullen, Fritten an eng Béier, mat 16 Frënn, dat war dëser Fra hiren (1987) häerzlechste Wonsch.

🇱🇺
Mullen, Fritten an eng Fläsch Béier, mat 16 Frënn, dat war dëser Fra hiren (1987) häerzlechste Wonsch. An dee Wonsch ass an Erfëllung gaangen. Tatsächlech souguer e bësse méi wéi dat.

Am Ufank war de Plang op d’Mier ze reesen, mee um Enn ass Lëtzebuerg d’Destinatioun ginn. Du koum d’Iddi: firwat net 34 Familljememberen a Frënn invitéieren? Gesot, gemaach. An wéi mir zu Réimech ukoumen, waren se all do, prett, si mat oppenen Äerm ze begréissen.

Et war wierklech häerzerwiermend ze gesinn, wei d´Fra ëmgi war vun deenen, déi si gär hunn. Wéi si d’Iessen, d’Laachen, d’Gespréicher a vill, vill häerzlech Ëmarmunge genoss huet. Ouni Zäitdrock, just fir de Moment ze liewen.

Kuerz gesot, et ass en Nomëtteg ginn, deen een déif am Häerz verankert. Gefëllt mat leckere Platen, engem Béier, Glace, Sonn, wäertvollen Erënnerungen a vill Léift!

🇬🇧
Mussels, fries, and a beer – with 16 friends – that was this lady’s (1987) heartfelt wish. And that wish came true… in fact, even a little bit more than that.

The original plan was a trip to the seaside, but in the end, Luxembourg became the destination of choice. Then a new thought arose: why not invite 34 family and friends? No sooner said than done. And when we arrived in Remich, they were all there – ready to welcome her with open arms.

It was truly heartwarming to see the lady, surrounded by loved ones, savoring the food, the laughter, the conversations, and countless warm hugs – with all the time in the world to simply enjoy.

In short, it became an afternoon to cherish big time – filled with delicious food, a beer, ice cream, sunshine, precious memories and… so very, very much love!