Heiansdo bleiwen Dreem bei eis. An heiansdo … ginn se nach ëmmer an Erfëllung.

🇱🇺
‘Elo hunn ech wierklech alles gesinn’…

Zanter Joren hat d’Madame (1957) nëmme Fotoe vum Schlass Neuschwanstein gesinn. Zesumme mat hirem Mann hat si ëmmer geplangt, et enges Daags besichen ze goen. Leider ass et ni dozou komm, mee den Dram ass bliwwen. Hiren allergréisste Wonsch ass ni verschwonnen: d’Schlass am richtege Liewen ze gesinn, zesumme mat hirer Schwëster.

An dee Wonsch ass an Erfëllung gaangen

Si krut eng wonnerbar Begréissung, mat engem opmierksame Kaddo an enger ausféierlecher privater Féierung. Als rar Ausnam gouf et hir souguer erlaabt, Fotoen ze maachen. Wärend si duerch dat beandrockend Schlass gaangen ass, vun deem si esou laang gedreemt hat, huet si vu Freed gestrahlt.

Duerno war nach e bëssen Zäit iwwereg, an et gouf spontan decidéiert — fir déi alleréischt Kéier an hirem Liewen — eng Gondel an d’Bierger ze huelen.

D’Mme huet all eenzele Moment vum Dag genoss, an wärend si iwwer déi atemberaubend Landschaft gekuckt huet, sot si lues, voller Bewonnerung:
„Elo hunn ech wierklech alles gesinn.“

****

E ganz häerzleche Merci un d’Direktioun vum Schloss Neuschwanstein fir hir Frendlechkeet an d’Zesummenaarbecht, déi dëse Besuch esou besonnesch a bedeitend gemaach hunn.

An e ganz häerzleche Merci un den Hotel Gsteig. fir déi waarm Gaaschtfrëndlechkeet, déi aussergewéinlech Begréissung an de Service fir d´ganz Equipe, souwéi fir de léiwe Kaddo fir d’Mme an hir Schwëster.

Dir béid hutt mat Ärer Opmierksamkeet an Ärem Sënn fir Detailer dës Erfarung wierklech onvergiesslech gemaach!

 

Heiansdo bleiwen Dreem bei eis. An heiansdo … ginn se nach ëmmer an Erfëllung

 

 

🇬🇧
Now I have truly seen everything…

For years, Mme had only seen photos of Neuschwanstein Castle. Together with her husband, she had always planned to visit it one day. Sadly, that never happened, but the dream remained. Her greatest wish stayed alive: to see the castle in real life — together with her sister.

And that wish came true.

She received a wonderful welcome, complete with a thoughtful gift and an extensive private tour. As a rare exception, she was even allowed to take photographs. While going through the stunning castle she had dreamed about for so long, she was truly beaming with joy.

Afterwards there was still some time left and spontaneously was decided — for the very first time in her life — to take a gondola ride up into the mountains.

Mme enjoyed every single moment of the day and while gazing out over the breathtaking landscape, she softly said, filled with wonder:
“Now I have truly seen everything.”

***

A heartfelt thank you to the management of Neuschwanstein Castle for their wonderful generosity and cooperation in making this visit so incredibly meaningful and special.

And a heartfelt thank you to Hotel Gsteig for the warm hospitality, the outstanding welcome and service for all of us, and the thoughtful gift for Mme and her sister.

Both of you, with your care and attention to detail, made this experience truly unforgettable.

Sometimes dreams stay with us. And sometimes… they still come true.