Dëse Weekend hu mir de Wonsch vun engem jonken Mann (1984) erfëllt: eng Kéier zréck an seng Gebuertsstad,Lyon, ze fueren.
Hien konnt seng Elteren – all béid a Fleegeheemer logéiert – nach eng Kéier gesinn. Wat fir en emotionale Moment! Et war, als ob all d’Jore vun der Trennung op eemol fortgeflu sinn – eng Mëschung vu puerer Freed an onendlecher Dankbarkeet, déi eis all an d’Häerz getraff huet.
Mir sinn zesumme d’Mamm siche gefuer an hunn an engem flotte Restaurant zu Mëtteg giess.
Och d’Zäit mat sengem Brudder war voller Emotioun, awer dann d’Frënn erëm treffen… dat war e puere Magie-Moment!
Déi al Frënn, mat deenen hien sou vill gelaacht a gelieft hat, stoungen do mat oppenen Äerm. D’Laachen hunn sech mat den Tréine vermëscht, d’ Ëmarmung ware staark an dauerhaft.
Et ware Stonnen, wou d’Vergaangenheet lieweg gouf, wou Erënnerunge gelieft hunn a wou d’Frëndschaft méi staark war wéi all Krankheet. Mir hunn all zesumme gefillt, wéi dës Momenter d’Séil vum Gaascht gefëllt hunn.

Mir si fir zwou Nuechte bliwwen; mat der Hëllef vun enger der Firm Medinov aus Lyon an dem hôtel Le Collège hu mir e medezinescht Bett am Zëmmer opgestallt, fir datt eise Gaascht dës Momenter a ganzer Intensitéit erliewe konnt. Et waren intensiv a emotiounsgeluedene Stonnen – Erënnerungen, déi fir ëmmer bleiwen.
Eist Team huet aus engem Rettungssanitäter, engem Infirmier fir palliativ Pfleeg an engem Dokter fir Anästhesie bestanen. All Moment ass fir seng Pfleeg a gesondheetlech Besoine gesuergt ginn.





