🇱🇺
Nach eng Kéier bei d’Waasser goen, zesumme mat der Fra, Kanner an Enkelkanner, dat war de gréisste Wonsch vun dësem Här (1958). Leschte Sonndeg Nomëtteg ass dëse Wonsch Realitéit ginn.
Nodeems mir hien aus der Clinique d’Eich ofgeholl haten, si mir gemittlech a Richtung Iechternacher Séi gefuer. Am Lakeside Restaurant Iechternach huet e schéin gedeckten Dësch op déi ganz Famill gewaart.
All Zutaten fir e perfekte Nomëtteg waren do: gutt Wieder, bloen Himmel an eng lieweg, häerzlech Atmosphär ronderëm de Séi an op der Terrass.
Et ass tatsächlech eng waarm a gemittlech Zäit ginn, gefëllt mat Laachen, Gespréicher a gemeinsame Momenter. Déi ganz Famill huet d’Aussiicht, dat lecker Iessen a virun allem d’Zesummesinn genoss.
Nom Iesse si mir nach eng kleng Ronn laanscht d’Waasser spadséiert, éier mir zréck an d’Spidol gefuer sinn, wou hien häerzlech vum Fleegepersonal empfaange gouf.
E besonneschen a wäertvolle Moment, fir ëmmer am Häerz ze behalen.

🇬🇧
One more time, enjoying the water together with his wife, children, and grandchildren — that was this gentleman’s (1958) greatest wish. Last Sunday afternoon, that wish became reality.
After picking him up from Clinique Eich, we made our way at a relaxed pace to Echternach Lake. At the Lakeside restaurant, a beautifully set table was waiting for the whole family.
All ingredients for a perfect afternoon were there: radiant weather, blue skies, and a lively, welcoming atmosphere around the lake and on the terrace.
It indeed became a warm and relaxed time, filled with laughter, conversation, and shared moments. The whole family enjoyed the view, the delicious food, and above all each other’s company.
After lunch, we took a short walk together along the water before returning to the hospital, where he was warmly welcomed by the nursing staff.
A special and precious moment to cherish forever.





