Säi gréisste Wonsch war et, nach eng Kéier e Fussballmatch vum FC Déifferdeng 03 ze besichen.

🇱🇺
Dëse Här (1947) ass scho vill Joren en engagéierte Member an e loyale Supporter vum FC Déifferdeng 03. Säi gréisste Wonsch war et, nach eng Kéier e Fussballmatch ze besichen.  E Wonsch, deen him ganz no um Häerz louch an deen elo erfëllt gouf.

Bei senger Arrivée gouf hie besonnesch häerzlech empfaangen. De President huet hie perséinlech begréisst an him eng original FCD-Jackett als Cadeau iwwerreecht. Et goufen extra Mesuren geholl, fir him eng gutt Plaz ze garantéieren, sou datt hien de Match voll genéisse konnt. Och Maskottchen ass laanscht komm fir hien ze begréissen, wat him däitlech e Laachen an d’Gesiicht gezaubert huet.

Als Iwwerraschung haten d’„Ultras DIFF / UD 45“ e spezielle Banner just fir hien erstallt. Wärend dem Treffen ass kloer ginn, wéi vill dat him bedeit huet. Et huet en déiwen an nohaltegen Androck hannerlooss.

Zréck am Spidol hu mir de Banner iwwer säi Bett opgehaangen, sou datt hien en all Dag weider genéisse kann. Wéi mir hien den nächsten Dag erëm besicht hunn, hunn seng Ae direkt ugefaang ze blénken. Mat engem waarme Laachen huet hien eis gesot, et wier e wonnerbaren Dag gewiescht, eng Erënnerung, déi him däitlech ganz vill bedeit.

 

 

🇬🇧
This gentleman has been a dedicated member and loyal supporter of FC Déifferdeng 03 for many years. His greatest wish was to attend one more football match — a wish that was very close to his heart and has now been fulfilled.

Upon arrival, he received an especially warm welcome. The president personally greeted him and presented him with an original FCD jacket as a gift. Special arrangements were made to ensure he had a good spot, allowing him to fully enjoy the match. Even the mascot stopped by to say hello, which clearly brought a smile to his face.

As the cherry on top, the ‘Ultras DIFF / UD 45’ had created a special banner just for him. During the meeting, it became clear how much this meant to him — it left a deep and lasting impression.

Back at the hospital, we hung the banner above his bed so he could continue to enjoy it every day. When we visited him again the next day, his eyes immediately began to sparkle. With a warm smile, he told us it had been a wonderful day — a memory that clearly meant a great deal to him.

 

 

Feedback:

Ultras DIFF / UD 45: Mir wëllen iech vun Häerze Merci soen fir dat, wat dir maacht. ❤️
Et ass immens schéin ze gesinn, wéi dir de Mënschen hir lescht Wënsch erfëllt an hinnen nach eemol esou speziell Momenter schenkt. Dank iech konnt ee vun eise gréisste Supporteren nach eng Kéier e Match vun eiser Equipe erliewen. Dat bedeit eis immens vill.

Ouni iech wier dat alles net méiglech gewiescht. Merci fir ären Asaz, är Häerzen a fir alles, wat dir fir d’Leit maacht. Dir sidd eppes Besonnesches.