Säi gréisste Wonsch? Nach eng Kéier mam Motorrad fueren.

🇱🇺Virun e puer Wochen huet de Här (1945) eis, mat sengem Fotoalbum an den Hänn, Biller vu sech a sengem Motorrad gewisen. Wéi hien eis vu senge fréieren Erliefnesser erzielt huet, hu mir gespuert, wéi vill him déi Zäit nach ëmmer bedeit.

Seng Léift fir Motorrieder ass bis haut onverännert bliwwen. Wann e Motorrad viru sengem Fleegeheem steet, freet hien seng Fra, eng Foto dovun ze maachen.

Säi gréisste Wonsch? Nach eng Kéier mam Motorrad fueren.

Zesumme mat senger Famill hu mir heemlech eng Iwwerraschung virbereet. Wéi mir hie siche gaang sinn, hat hie keng Anung, wat dobaussen op hie waart: Harleyen aus dem 1st Free Chapter Bertrange Luxembourg, zesumme mat Membere vum Amici Vespa Diddeleng.

Wéi hien dat alles gesinn huet, sinn him d’Tréinen an d’Ae komm. Hien huet e bëssen Zäit gebraucht, fir ze realiséieren, wat grad geschitt. Duerno wollt hien onbedéngt d’Motorrieder vu méi no kucken.

Mee dat war nach net alles. Den Oliver a seng Fra vu #OluxRideLU haten e Motorrad mat engem Bäiwon matbruecht, fir hien op eng ganz besonnesch Faart matzehuelen.

Mir hunn hie gutt waarm agepaakt an him gehollef, sech gemittlech a sécher an de Bäiwon ze setzen. Duerno si mir alleguer zesumme lassgefuer, op Plazen, déi voller Erënnerunge fir hie sinn: do, wou hien opgewuess ass, wou hie geschafft huet a wou hie fréier gewunnt huet.

Fir hien war et d’Geleeënheet, nach eng Kéier op der Strooss ënnerwee ze sinn, ëmgi vu Leit, déi seng Passioun fir Motorrieder deelen, an dobäi Plazen erëmzegesinn, déi him esou vill bedeiten.

Et war e Moment voller Emotiounen a Freed. Hien huet d’Faart a vollen Zich genoss, a fir eis war et eng grouss Éier, hien dobäi ze begleeden.

E grousse Merci vun Häerzen un all déi Leit an all d’Motorradsfuerer déi gehollef hunn, dëse Wonsch wouer ze maachen an dësen Dag esou besonnesch ze gestalten.

E ganz häerzleche Merci och un hien, seng Famill an d’Fleegeheem Maison de Soins Bettembourg An De Wisen fir hiert Vertrauen.

🇬🇧A few weeks ago, with his photo album in his hands, Mr (1945) showed us pictures of himself and his motorcycle. As he shared his memories, we could feel how much those days still meant to him. His love of motorcycles is still very much alive: whenever one is parked outside his care home, he asks his wife to take a photo.

His greatest wish? To go for a ride, one more time.

Together with his family, we quietly prepared a surprise. When we came to collect him, he had no idea what was waiting outside: Harleys from Free Chapter Bertrange, alongside members of Amici Vespaclub Diddeleng.

Tears filled his eyes as he looked around. He needed a little time to take it all in before eagerly getting a closer look at the motorcycles.

But there was more. Oliver and his wife from OluxRidelu had brought a motorcycle with a sidecar, ready to take him along.

Wrapped up warmly, we helped him settle carefully into his seat. Then, with everyone riding along, we set off towards places that held a lifetime of memories: where he grew up, where he worked and where he used to live. It was a chance to be out on the road again, surrounded by fellow motorcycle enthusiasts, revisiting places that meant so much to him.

There was deep emotion and so much joy. He thoroughly enjoyed the ride, and it was a privilege to accompany him.

Our heartfelt thanks to everyone and all riders who helped make his wish possible and special, and to him, his family and Carehome an de Wisen’ (Sodexoseniors) for their trust.