Dësen Här (1978) ass ëmmer gär mam Vëlo gefuer, an dat war eppes wat hien nach eng leschte Kéier wollt maachen

Dësen Här (1978) ass ëmmer gär mam Vëlo gefuer, an dat war eppes wat hien nach eng leschte Kéier wollt maachen. Also hu mir him dat zesumme gemaach.
 

Mat engem ausgeléinte Vëlo vun der Fondation Pescatore si mer op Nidderfeelen gefuer, wou mer eis eng wonnerschéi Vëlosstrecke bis op Waarken erausgesicht hunn.

D´Wieder war eis gutt gewaart, an zum richtegen Zäitpunkt war et dreschen, souguer d´Sonn huet sech weise gelooss.
 
De Wee ass duerch de Bësch a laanscht Beem gaang, laanscht Felder, kleng Baachen a laanscht Déieren. E bësse Wand an e verluerene Reendrëpsen op sengem Gesiicht, hunn d´Faart du completéiert.
 
Den Här huet et siichtbar genoss, wärend der Faart sinn seng Aen mei grouss ginn, a säi Laache méi breet wéi mir duerch déi schéin Géigend gefuer.
 
No engem Drink an engem Café, si mer dunn “heem” gefuer. Rëm a sengem Bett, war hie midd awer ganz frou. Mir hunn eis häerzlech Äddi gesot, am Gewëssen dat hie schéi Erënnerunge geschaaft huet.♥️
 
 
 
 
🇬🇧
This gentleman (1978) used to cycle every day, and ‘cycling’ that was something he really wanted to do one more time. So, we made it happen together.
 
With a bike borrowed from Fondation Pescatore, we traveled to Niederfeulen, where we had mapped out a beautiful route to Warken in advance.
 
The weather was favorable to us, and just in time, it was dry, and the sun even gave us a glimpse of itself. The tree-lined paths led us through the forest along fields, over small bridges and ditches, and along animals. 
 
The gentleman visibly enjoyed it; during the ride, his eyes grew larger, and his smile wider as we rode through the beautiful area.
 
After a pleasant drink in a café, we headed back ‘home’. Once he was back in his bed, he was tired but very happy. We bid each other a warm farewell, knowing he had made some very beautiful memories to look back on.♥️

Mir haten d’Éier de Wonsch vun enger Fra ze erfëllen, déi eng Krankesalbung an der schéiner Kathedral Notre-Dame wouer huele wollt.

KrankeSalbung
Mir haten d’Éier de Wonsch vun enger Fra ze erfëllen, déi eng Krankesalbung an der schéiner Kathedral Notre-Dame wouer huele wollt.

Si wëll net op Fotoe gesi ginn (wat mir respektéieren), mä mir kënnen Iech soen, datt si ganz frou war Krankesalbung virun der Kierch matzemaachen an et wierklech genoss huet.
 
De Gesang an d’Musek ware wonnerbar a si krut mat Freed de Seegen an den hellegen Ueleg.
 
Mir sinn dunn an e Café vun der Kathedral e waarme Patt drénke gaang, wou si och eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Véier Evangelie kafe konnt.
 
Um Heemwee hu mer du wéinst Stau an der Stad missen Demi-Tour huelen, mee d’Madame war frou iwwert d’Verlängerung an en onerwaarten Trip duerch Stad, a wéi si laanscht d’Kasematten an duerch Clausen gefuer ass, huet si d’Vue genoss an mat eis gegeckst a gelaacht.
 
De ganzen Nomëtteg huet si eis ëmmer gesot wéi e schéinen Nomëtteg si hat a wéi et hir gehollef huet. D’Situatioun an där si sech befënnt ass schwéier fir si, awer en Dag wéi dëse gëtt hier wierklech Courage fir alles op eng vill méi agreabel Aart a Weis ze bewältegen.

Dës Madame wollt nach eng Kéier op d’Mier goen.

“Soen der Equipe fier dée flott 2 Déeg, 15 an 16.01. merci an daat sie sech wonnerbar em meng Fraa bekemmert hun an Holland. Den Service as nehmen ze rekommer. deren. Nach eng kéer an ganz grossen Merci vum vollen Herzen, meng hut ganz gut gefallen.”

 

“E riisen Merciìi, dass där der Mme dei 2 Deeg an Holland ermeiglecht hudd. Sie woar begeeschtert an huet richteg gestrahlt an hat haut nach e Laachen am Gesiit. Top Arbecht mat ganz ganz leiwen Leit. Merciiii”

Dësen Här huet seng Zäit zu Knokke genoss

“Dem ‘Paul’ seng Famille seet ierch vun ganzem ❤️merci vir dei onvergieslech Erênerungen
De Spaass de mir haten 👍🏻 Super das et esou Leit wei iech get mat all Respeckt zeien ech den Hut virun iech wat dir lëscht.

Merci vir de schein Momenter, Erënnerungen ,laachen an kreichen eng lëschteg Geselschaft eng grouss Famille.

Merci Ambulanz Wonsch vir aer Ënnerstëzung❤️
Zesummen waren mir Starck💪
Merci iech all!”

This lady wanted to visit kittens to cuddle them one more time

Pour mon voeu demandé, il à été réalisé et plein de surprises. Les 4 personnes bénévoles qui m’ont aide, elles étaient tres professional. Toujours bien veillantes et protectrices envers moi.

 

Cette journee à été merveilleuse pour moi maman et mes amis qui sont venus de Paris et Liege. N’ayez pas peur d’emettre des voeux car des persoonnes au grand coeur vont essaye de les réaliser. je remercie toute l’équipe en les embras sont très fort.

                              – Amandine