🇱🇺
Dësen Här (1945) hat de grousse Wonsch, nach eng Kéier heemzegoen, fir do e bëssen Zäit mat senger Famill ze verbréngen.
Eis Ekipp, d Infirmière M. an de Chauffeur H., ass hien an seng Seniorenresidenz siche gefuer. A sengem grousse Sall gouf hie vu sengem Rollstull op de Stretcher geluecht ginn, wärend seng Betreier dobäi waren, fir him mat vill Häerzlechkeet Äddi ze soen.
Viru sengem selwer gebauten Haus gouf hien vu senger Fra, sengem Schwoer a senger Schwëster léifempfaangen. Wéi och nach en Noper op Besuch koum, hu si zesummen hausgemaachte Kuch giess, Lidder gesongen an Erënnerungen u seng Zäit als Tubaspiller an der Bléiserkapell gedeelt.
No e puer gemittleche Stonne beieneen, ass den Här däitlech midd ginn, an et war Zäit, hie rëm heem ze bréngen.
En Nomëtteg voller Heemechtsgefill, Verbonnenheet a Léift.

🇬🇧
This gentleman (1945) dearly wished to go home one more time to spend some time there with his family.
Our team, nurse M. and driver H., picked him up from the senior residence. In his spacious room, he was transferred from his nursing wheelchair onto the stretcher, while his caregivers were present to warmly wave him goodbye.
At his self-built home, he was lovingly welcomed by his wife, brother-in-law, and sister-in-law. As a neighbor also stopped by for a visit, everyone enjoyed homemade cake, sang songs, and shared memories of his days playing the tuba in the brass band.
After a few hours of warm togetherness, the gentleman became noticeably tired, and it was time to bring him back to his own “place.”
An afternoon full of homely warmth, connection, and love.





