Fir e puer Stonnen zeréck heem an säin eegene Gaart. Dat war de Wonsch vun dësem léiwen Här (1945).
Mat vill Suergfalt hu mir hien, zesumme mat senger Famill, vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Ettelbréck heem bruecht, fir dëse Wonsch ze erfëllen.
D’Wieder war perfekt: e bloen Himmel an eng waarm Fréijoerssonn hunn de Kader fir e ganz besonneschen Nomëtteg gesat. Ëmgi vu senge Léifsten, huet hien et genoss nees op senger vertrauter Plaz ze sinn. Och den Noper ass kuerz laanscht komm fir Moien ze soen.
Et gouf gelaacht, Erënnerunge goufen gedeelt, an esou wéi hie sech et gewënscht hat, gouf zesummen e Glas Schampes gedronk.
Hien huet dësen Nomëtteg wierklech bis zur leschter Minutt genoss. Eréischt wéi déi lescht Sonnestralen verschwonne sinn, si mir zeréckgefuer, an hunn hien erëm sécher an d’Fleeg vum Pfleegpersonal iwwerginn.
E klengen Moment, mee vun onschätzbarem Wäert.

For a few hours, back home… to his garden. That was the heartfelt wish of this gentleman (1945).
With great care, we brought him, together with his family, home from CHdN in Ettelbruck, to make this wish come true.
The weather was perfect: a blue sky and a warm spring sun set the scene for a very special afternoon. Surrounded by his loved ones—and a neighbor who stopped by—he clearly enjoyed being back in his familiar place.
There was laughter, memories were shared, and just as he wished, a glass of champagne was enjoyed together.
He truly made the most of this afternoon. Only when the last rays of sunlight faded did we return, safely handing him back into the care of the nursing team.
A small moment, but of immeasurable value.





