🇱🇺
Et kann sou séier goen: Du gees fir e Rendez-vous bei den Dokter, kriss eng Diagnos … an op eemol kéiers du ni méi an däin eegent Doheem zeréck. Einfach well et net méi geet.
De gréisste Wonsch vun dëser Fra (1971) war dofir kloer: Nach eng Kéier an hir eege Wunneng goen. Doheem sinn, och wann et just fir ee Moment ass. E puer perséinlech Saachen mathuelen. D’Vertrautheet vun hirem eegenen Ëmfeld spieren.
Zesumme mat hirer Mamm si mir bei si gefuer, wou eng Frëndin scho mat engem waarme Laache gewaart huet.
Mir hunn hir gehollef d’Trap erop goen an hunn hinnen dono all d’Privatsphär ginn, déi si gebraucht hunn. Dat stralend Laachen an hirem Gesiicht, wéi mir si spéider nees bei hir Mamm bruecht hunn, huet eis méi wéi genuch gesot.
E klenge, groussaartege Wonsch, mat Léift erfëllt.

🇬🇧
It can happen just like that: you go to the doctor for an appointment, receive a diagnosis… and suddenly you never return to your own home. Simply because you no longer can.
This lady’s (1971) greatest wish was therefore clear: to visit her own apartment one more time. To be home, even if just for a moment. To gather some personal belongings. To feel the familiarity of her own surroundings.
Together with her mother, we set off to her place, where a friend was already waiting for her with a warm smile.
We helped her upstairs and then gave them all the privacy they needed. The radiant smile on her face when we later brought her back to her mother’s home told us more than enough.
“A small, great wish — fulfilled with love.”





