Skip to content
Dësen Här (1978) ass ëmmer gär mam Vëlo gefuer, an dat war eppes wat hien nach eng leschte Kéier wollt maachen. Also hu mir him dat zesumme gemaach.
 

Mat engem ausgeléinte Vëlo vun der Fondation Pescatore si mer op Nidderfeelen gefuer, wou mer eis eng wonnerschéi Vëlosstrecke bis op Waarken erausgesicht hunn.

D´Wieder war eis gutt gewaart, an zum richtegen Zäitpunkt war et dreschen, souguer d´Sonn huet sech weise gelooss.
 
De Wee ass duerch de Bësch a laanscht Beem gaang, laanscht Felder, kleng Baachen a laanscht Déieren. E bësse Wand an e verluerene Reendrëpsen op sengem Gesiicht, hunn d´Faart du completéiert.
 
Den Här huet et siichtbar genoss, wärend der Faart sinn seng Aen mei grouss ginn, a säi Laache méi breet wéi mir duerch déi schéin Géigend gefuer.
 
No engem Drink an engem Café, si mer dunn “heem” gefuer. Rëm a sengem Bett, war hie midd awer ganz frou. Mir hunn eis häerzlech Äddi gesot, am Gewëssen dat hie schéi Erënnerunge geschaaft huet.♥️
 
 
 
 
🇬🇧
This gentleman (1978) used to cycle every day, and ‘cycling’ that was something he really wanted to do one more time. So, we made it happen together.
 
With a bike borrowed from Fondation Pescatore, we traveled to Niederfeulen, where we had mapped out a beautiful route to Warken in advance.
 
The weather was favorable to us, and just in time, it was dry, and the sun even gave us a glimpse of itself. The tree-lined paths led us through the forest along fields, over small bridges and ditches, and along animals. 
 
The gentleman visibly enjoyed it; during the ride, his eyes grew larger, and his smile wider as we rode through the beautiful area.
 
After a pleasant drink in a café, we headed back ‘home’. Once he was back in his bed, he was tired but very happy. We bid each other a warm farewell, knowing he had made some very beautiful memories to look back on.♥️