🇱🇺No véier Méint fort vun doheem – fir d’éischt am Spidol an elo an engem Fleegeheem – war haut e ganz besonneschen Dag.
Dem Här (1948) säi gréisste Wonsch war eigentlech ganz einfach: seng Frënn am Dageszentrum ze besichen, wou hie sech ëmmer doheem gefillt huet, an duerno nach eng Kéier a säin Haus ze fueren, fir et erëmzegesinn an e puer perséinlech Saachen ze huelen.
Schonn am Moment vun eiser Arrivée, hat hien e grousst Laachen a sengem Gesiicht– an dat huet hien de ganzen Dag iwwer begleet.
No enger gemittlecher Faart huet hien am Foyer zu Léiweng zesumme mat senge Frënn zu Mëtteg giess, ëmgi vu bekannte Gesiichter a flotte Gespréicher. Als schéin Iwwerraschung huet d’Equipe vun der Verbandskëscht him e léif ausgewielte Kaddo iwwerreecht, deen dësen Dag nach méi speziell gemaach huet.
Et gouf och e ganz besonnesche véierbeenegen Empfang: De Gismo, d’ Maskottche vun der Verbandskëscht, ass laanschtkomm fir Moien ze soen an ze knuddelen. Dëst huet domat nach méi Laachen a Freed an dësen Dag bruecht.
Bei sengem Haus huet schonn deen nächste beweegende Moment op hie gewaart. Säin Noper ass bis laanschtkomm an hat e Glas Gebeess dobäi, dat aus de Friichte vum Bam viru sengem Haus gemaach gouf – eng Traditioun, déi si zënter Jore gedeelt hunn. E klenge Geste mat grousser Bedeitung, gefëllt mat Frëndschaft a wäertvollen Erënnerungen.
Am Haus hu mir eis Zäit geholl, e puer perséinlech Géigestänn zesummenzesichen, verbonne mat schéinen Erënnerunge, ier mir eis nees op de Wee an d’Fleegeheem gemaach hunn.
Heiansdo läit déi gréisste Freed an deenen einfachste Saachen: vertraut Gesiichter erëmgesinn, op Plazen zeréckzekommen, déi voller Erënnerunge stiechen, mat engem frëndlechen Hond knuddelen an ze wëssen, datt d’Verbindunge, déi mir mat anere Mënsche knäppen, staark bleiwen – egal wéi vill Zäit vergaangen ass.
E ganz häerzleche Merci un Verbandskëscht an Elysis – Maisons de soins Kirchberg fir déi exzellent Zesummenaarbecht an dofir, datt si gehollef hunn, dësen Dag esou besonnesch ze maachen.

🇫🇷
Après quatre mois loin de son domicile – d’abord à l’hôpital, puis dans une maison de soins – cette journée a été toute particulière.
Le souhait le plus cher de ce Monsieur (1948) était pourtant très simple : rendre visite à ses amis au centre de jour, où il s’est toujours senti comme chez lui, puis faire un passage par sa maison afin de la revoir et de récupérer quelques effets personnels.
Dès notre arrivée, un grand sourire a illuminé son visage – et ne l’a plus quitté de la journée.
Après un trajet agréable, il a partagé le déjeuner avec ses amis au foyer de Livange, entouré de visages familiers et de conversations chaleureuses. Pour rendre ce moment encore plus spécial, l’équipe de la Verbandskëscht lui a offert un cadeau attentionné qui l’a profondément touché.
Une autre belle surprise l’attendait également : Gismo, la mascotte à quatre pattes de la Verbandskëscht, est venu lui rendre visite pour quelques caresses et moments de tendresse, apportant encore davantage de sourires et de joie à cette journée.
À son domicile, un nouveau moment chargé d’émotion l’attendait. Son voisin est venu lui rendre visite et lui a apporté un pot de confiture préparé à partir des fruits de l’arbre planté devant sa maison, perpétuant ainsi une tradition qu’ils partageaient chaque année. Un petit geste, mais porteur d’une immense valeur, nourrie par des années d’amitié et de souvenirs communs.
À l’intérieur de la maison, nous avons pris le temps de retrouver quelques effets personnels et de nous replonger dans de précieux souvenirs avant de reprendre la route vers la maison de soins.
Parfois, les plus grandes joies naissent des choses les plus simples : retrouver des visages familiers, revenir dans des lieux remplis de souvenirs, partager un moment de tendresse avec un gentil chien et constater que les liens que nous créons avec les autres demeurent solides, malgré le temps qui passe.
Un grand merci à la @Verbandskëscht et à Elysis Kirchberg pour leur excellente collaboration et leur contribution à la réussite de cette journée si particulière

🇬🇧
After four months away from home—first in hospital and now in a care home—today was a very special day.
Mr’s (1948) greatest wish was simple: to visit his friends at the day center, where he has always felt at home, and then stop by his house to see it again and collect a few personal belongings.
The moment we arrived, a big smile lit up his face—and it stayed with him all day.
After a relaxed drive, he enjoyed lunch with his friends at the foyer in Livange, surrounded by familiar faces and warm conversations. As a lovely surprise, the team from Verbandskëscht presented him with a thoughtful gift that made the day even more special.
There was also a special four-legged welcome from the ‘mascot’ of Verbandskëscht, Gismo, who stopped by to say hello and share a few cuddles, bringing even more smiles to the day.
At his house, another heartwarming moment awaited. His neighbour came over for a chat and brought him a jar of jam made from the fruit of the tree in front of his house—a tradition they had shared every year. A small gesture with great meaning, filled with years of friendship and cherished memories.
Inside the house, we took our time, gathered some personal belongings, and reminisced before making our way back to the care home.
Sometimes, the greatest joy comes from the simplest things: seeing familiar faces, returning to places filled with memories, sharing a cuddle with a friendly dog, and knowing that the bonds we build with others remain strong, no matter how much time has passed.
A heartfelt thank you to @Verbandskëscht and Elysis Kirchberg, for the great collaboration and helping to make this day so special.





