d’Madamm (1956) hat ee ganz klore Wonsch: Hir bescht Frëndin nach eng Kéier gesinn an hir berüümt Quiche schmaachen.

🇱🇺
Vu véierzéng bis fir ëmmer

Hir Geschicht huet ugefaangen, wéi si eréischt véierzéng Joer al waren, an et huet net laang gedauert, bis si onzertrennlech gi sinn. Si sinn zesummen zu Namur an d’Infirmièresschoul gaangen, an och wann d’Liewen si spéider a verschidde Richtunge bruecht huet, konnt d’Distanz hirer Frëndschaft net schueden. All déi Joren iwwer si si bescht Frëndinne bliwwen a si mat der Zäit zu enger Famill ginn.

No hirem leschten Openthalt am Spidol hat d’Madamm (1956) dunn ee ganz klore Wonsch:

Hir bescht Frëndin nach eng Kéier gesinn an hir berüümt Quiche schmaachen.

Also hu mir dëse Wonsch erfëllt. Mir sinn op Namur gefuer, wou d’Madamm vun hirer laangjäreger Frëndin häerzlech empfaange gouf.

Fir e puer wäertvoll Stonnen huet et sech ugefillt wéi fréier. E Moment vun Normalitéit, ëmgi vun deene Mënschen an Erënnerungen, déi am meeschte gezielt hunn.

Nach aner Familljemembere koume mat hinnen un den Dësch. Zesummen hu si déi berüümt Quiche genoss, vill gelaacht, Geschichte gezielt an Erënnerungen aus engem ganze Liewe voller Frëndschaft gedeelt. An natierlech hu si sech och un all déi Spichten erënnert, déi si fréier de Schwëstere gespillt haten!

Déi zwou Frëndinnen hunn houfreg hir al Foto aus der Infirmièresschoul erausgeholl. Beim Bléck op déi zwee jonk Meedercher hu si gelaacht an un all déi flott Momenter an Aventuren zeréckgeduecht, déi si virun esou ville Joren zesummen erlieft haten.

Esou villes huet sech verännert, zënter si véierzéng Joer al waren. Mee wéi si deen Nomëtteg nees zesummesouzen, war eppes ganz kloer:

„E ganzt Liewe kann alles ronderëm eis veränneren. Mee et kann eis ni d’Léift, d’Laachen an d’Erënnerungen huelen, déi zwee Häerzer matenee gedeelt hunn.“

 

 

 

🇬🇧Fourteen to Forever.

Their story began when they were just fourteen, and it didn’t take long before they became inseparable. They went to nursing school together in Namur, and although life eventually took them in different directions, distance never stood in the way of their friendship. Through all the years, they remained best friends and somewhere along the way, became family.

Then, after her last hospital visit, Mme had one firm wish: to see her best friend one more time—and to taste her famous quiche.

So, we made it happen. We went to Namur, where Mme was warmly welcomed by her lifelong friend. For a few precious hours, it felt just like old times—a moment of normality, surrounded by the people and memories that mattered most.

More family members joined them around the table, where the famous quiche was shared along with laughter, stories, and memories from a lifetime of friendship. And, of course, there was plenty of reminiscing about the mischief they used to get up to with the nuns!

The two friends proudly brought out their old nursing school photograph. Looking at those two young girls, they laughed and remembered the funny moments and adventures they had shared all those years ago.

So much has changed since they were fourteen, but sitting together that afternoon, one thing was clear:

“A lifetime may change everything around us, but it can never take away the love, laughter, and memories two hearts have shared.”

 

Feedback:
Ech kann nëmmen soen, datt e groussen Wonsch an Erfëllung gaangen ass, an datt ett alles super geklappt h
uet. Den Chauffeur (Directrice) an den Infirmier, hunn e ganz proffesionnelen Déngscht geleescht, an daat matt enger waarmherzlechkeet, einfach super! Ech hunn mech richtig wäert gefillt. Ech kan Ambulanz Wonsch nëmmen recommandeieren. All respect an MERCI 💖💖💖’