Eng Mamm hat de groussen Wonsch, hir Kanner nach eng Kéier beim Schoulfest danze ze gesinn.

Virun e puer Deeg hu mir e ganz dréngenden Wonsch erankritt. Eng Mamm hat de groussen Wonsch, hir Kanner nach eng Kéier beim Schoulfest danze ze gesinn, an zwar nach deselwechten Nomëtteg.

Fir esou Momenter leeë mir natierlech alles anescht op d’Säit. Zesumme hu mir direkt alles an d’Weeër geleet, fir dëse wäertvolle Wonsch méiglech ze maachen.

Dank dem häerzlechen a séieren Asaz vun allen Bedeelegten konnte mir nach rechtzäiteg mat engem komplette Team vun Ambulanz Wonsch an enger Infirmière vun Haus Omega 90 ukommen, esou datt dëse besonnesche Wonsch a Erfëllung konnt goen..

 

A few days ago, we received a very special urgent wish. A mother wanted nothing more than to see her children dance at the school celebration that same afternoon.

For moments like these, we naturally put everything else aside. Together, we immediately set everything in motion to make this precious wish possible.

Thanks to the warm and swift efforts of everyone involved, we were able to arrive on time together with a full Ambulanz Wonsch team and a nurse from Haus Omega90, so that this special wish could come true.