En Sonnden haten mir d’Freed, eng léif Damm (1936) ze begleeden an dozou bäizedroen, datt hiren Dag wierklech eppes Besonnesches gouf.
Hire gréisste Wonsch war et, hir beschte Frëndin erëmzegesinn. Am Geheimen war et e Wonsch vu béide Säiten, mat villen Ännerungen an Onsécherheeten an hirem Liewen war dësen Dag eppes wat se allen zwee vun Häerzen wollten.
De Moment wou si sech erëmgesinn hunn war extrem schéin, well si sech schonn eng ganz Zäit net méi gesinn haten.
Zesumme konnten si e wonnerbaart Mëttesiessen genéissen, en decken Menü mat Dessert, dee si sichtlech genoss hunn. Dono hunn déi zwee de Nomëtteg domat verbruecht ze schwätzen, al Erënnerungen opzefrëschen an déi wäertvoll Zäit zesummen ze schätzen.
Duerno hat d’Madamm nach d’Méiglechkeet, de Chrëschtmaart am Altersheem ze besichen. Zesumme si mir laanscht d’festlech dekoréiert Stänn geschlendert an hunn di magesch Atmosphär op eis wierke gelooss. Mat engem grousse Laachen huet d’Madamm e schéinen Adventskranz an e puer charmant Chrëschtdekoratioune fir Doheem ausgesicht, wou hire Jong si häerzlech empfaangen huet.
Mir hoffen, datt dës Erënnerunge si nach laang begleeden. Dësen Dag hat eng grouss Bedeitung fir si, virun allem wéinst der Renconter mat hirer Frëndin an de villen häerzerwiermende Momenter, déi si gedeelt hunn. Et war eis eng grouss Éier, dësen bedeitungsvolle Moment méiglech ze maachen.

On Sunday, we had the pleasure of accompanying a lovely lady (1936) and helping make her day truly special.
Her biggest wish was to visit her lifelong best friend — and secretly, it was a wish for two. With many changes and uncertainties in their lives, meeting again had become a heartfelt desire for both of them.
The moment they reunited was filled with pure joy, as they hadn’t seen each other for quite some time.
Together, they enjoyed a wonderful lunchtime — a hearty meal followed by an equally hearty dessert, which she clearly appreciated. The two then spent the afternoon chatting, reminiscing, and cherishing the precious time they had together.
Afterwards, Mrs. had the chance to visit the Christmas market inside the nursing home. Together we strolled past the festively decorated stalls, soaking in the magical atmosphere. With a big smile, Mrs. chose a beautiful Advent wreath and some charming Christmas decorations to take home where she was warmly welcomed by her son.
We hope these memories will stay with her for a long time. This day meant so much to her — especially the reunion with her friend and the heartfelt moments they shared.
It was truly an honor for us to make this meaningful day possible





